D’Petitioun 2309 krut méi wéi ee Mount virun der Deadline déi néideg Ënnerschrëften.

Fir eng ëffentlech Debatt an der Chamber soll eng Petitioun jo méi wéi 4.500 Ënnerschrëften kréien. Dës Petitioun krut elo schonn iwwer 4.600 Ënnerschrëften. Bei dëser Petitioun geet et drëms d’Facturë vum Psycholog zeréckbezuelt ze kréien. Der Petitionärin no géife vill Leit net bei e Psycholog goe well si sech et net leeschte kënnen. Wann d’Facturë rembourséiert kéinte ginn, hätte vill méi Leit d’Méiglechkeet hir Probleemer ze léisen, esou d’Petitionärin.