Eleng bannent deenen éischten 3 Méint vum Joer goufen am ëffentlechen Transport 63 Attacke géigeniwwer dem Personal gezielt.

D'Zuel vun den Attacke géigeniwwer dem Personal an de Passagéier am ëffentlechen Transport, hëlt net of.
Dat geet aus dem Mobilitéitsminister Bausch senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Kartheiser vun der ADR ervir. Bannent deenen éischten 3 Méint vun dësem Joer goufen an den Zich 46 Attacke géigeniwwer dem Personal gezielt. Op dat ganzt lescht Joer gekuckt goufen 121 dëser Tëschefäll gezielt. An de Busser an am Tram goufe vu Januar bis Enn Mäert 17 Attacken enregistréiert. Hei waren et der zejoert insgesamt 60.

Iwwerdeems goufe wärend deenen éischten 3 Méint vun dësem Joer am ganzen ëffentlechen Transport 38 Fäll, an deene Passagéier aggresséiert goufen, enregistréiert. Iwwert dat ganzt lescht Joer goufen 82 dëser Fäll gezielt.

Et sief hei ugemierkt, dass bei der Zuel vun den Attacken esouwuel déi kierperlech, ewéi och déi verbal Ugrëffer, grad ewéi och d'Menacen an d'Harcèlementer mat abezu ginn.