Een Drëttel vun de Residenten am Alter tëscht 15 a 34 Joer hunn op d'mannst eng Kéier an hirem Liewe Cannabis consomméiert.

De Cannabis ass déi illegal Drog, déi hei am Land am Meeschte consomméiert gëtt. Dat geet aus dem aktuelle RELIS-Rapport vun der Santé ervir. Deene leschten Zuelen no, hu knapps 33 % vun den Awunner tëscht 15 a 34 Joer hei am Land op d’mannst eng Kéier an hirem Liewe Cannabis consomméiert. Am Joer 2019 haten dann 12 % vun den Awunner aus dësem Altersgrupp op d’mannst eng Kéier Cannabis zou sech geholl.