E Mëttwoch gouf et en déidlechen Accident an der Stad.

Géint 20h15 koum et tëscht dem Rond-Point Gluck an der Rokad zu Bouneweg zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen. Zwou Persoune sinn ëm d’Liewe komm. Si waren am Auto ageklemmt. De Miess- an Erkennungsdéngscht war op der Plaz. D’Streck war bis en Donneschdeg de Moie fréi fir de Verkéier gespaart.

Zu Bieles an der Escherstrooss gouf et och en Accident tëscht zwee Autoen. Hei gouf eng Persoun liicht blesséiert.