
© JOHN THYS / AFP
En Donneschdeg den Owend wäert den Ausseminister Jean Asselborn iwwer d’Ouverture vun enger Struktur fir ukrainesch Flüchtlingen informéieren.
Déi ëffentlech Versammlung gëtt um 18h30 zesumme mat "Syndicat d’intérêts locaux" (SILK) um Kierchbierg organiséiert. Eng Struktur fir temporäre Schutz fir d’Flüchtlingen aus der Ukrain geet geschwënn op. Dëst am sougenannte "Bâtiment T" um Boulevard Konrad Adenauer um Kierchbierg. Hei wäerten 1.200 Persounen empfaange kënne ginn.
Den "Office national de l’accueil" (ONA), déi concernéiert Ministeren, Caritas an d’Rout Kräiz wäerten och dobäi sinn. D’Stater Bierger wäerten hir Froe kënne stellen.