D’Ukrain huet den éischte Prozess géint russesch Zaldote wéinst Krichsverbriechen ugekënnegt.

En 21-järege Russ gëtt beschëllegt aus der Fënster vun engem geklauten Auto en Zivilist ëmbruecht ze hunn. Wéi den ukrainesche Parquet mellt hätt d’Affer den Déifstall vum Auto matkritt. De Verdächtege wier vun engem aneren Zaldot ugestallt ginn op den 62-järege Mann ze schéissen. De Mann riskéiert liewenslaange Prisong wéinst Krichsverbriechen a Mord.

Donieft mellt "Human Rights Watch" dass esouwuel Russland wéi och d’Ukrain Stree-Munitioun asetzen. Dat geet aus engem Rapport vun der Organisatioun ervir. Duerch dës Munitioun déi vun de Russen agesat gouf wieren honnerten Zivilisten ëm d’Liewe komm. Donieft wieren honnerte Schoulen, Haiser a Spideeler beschiedegt ginn. D’ukrainesch Arméi hätt d’Stree-Munitioun och op d’mannst ee mol agesat. En internationale Vertrag vun 2010 verbitt awer den Asaz, d’Lagerung, den Handel an d’Produktioun vu Stree-Munitioun.