Den Ëmweltverband WWF seet dass manner Fleeschkonsum d’Biodiversitéit stäerke géif.

Donieft fuerdert d’Organisatioun Verännerunge bei den Iessgewunnechten. Dës hätten nämlech Auswierkungen op déi weltwäit Aartevillfalt. Wie sech vegan ernäert, géif de Foussofdrock vu senger Ernierung op d’Biodiversitéit ëm bal 50 Prozent reduzéieren. Bei vegetaresche Liewensmëttele läit de Prozentsaz bei 46 Prozent. Wann ee manner Fleesch, Kéis an Eeër ësst awer net komplett drop verzicht kann een den Foussofdrock ëm 18 Prozent reduzéieren.