Déi fréier Ëmweltministesch wosst 1 Dag virun den Deputéierten, dass de Parquet den Dossier vun der "Affär Gaardenhaischen" an der Chamber deposéiert huet.

Déi fréier Ëmweltministesch Carole Dieschbourg wousst een Dag virun deenen Deputéierten an der Chamber doriwwer Bescheed, dass de Parquet seng Vir-Enquête an der sougenannter "Affär Gaardenhaischen" ofgeschloss an, dass den Dossier un d'Chamber iwwermëttelt gouf.

Wéi de Radio 100,7 op sengem Internetsite schreift, hätt d'Procureure Générale Martine Solovieff op Nofro hi confirméiert, dass den Dossier Donneschdes den 21. Abrëll Moies an der Chamber hannerluecht gouf an, dass d'Justizministesch Sam Tanson ronn annerhallef Stonn méi spéit iwwert dëse Fait informéiert gouf.

Wéi den CSV-Co-Fraktiounschef Gilles Roth géigeniwwer dem Radio 100,7 sot, wier de Chamberbüro allerdéngs eréischt 1 Dag méi spéit - also Freides den 22. Abrëll - vun der Chamber doriwwer informéiert ginn, dass den Dossier deposéiert gouf.

Antëscht huet d'Justizministesch Sam Tanson dann och géigeniwwer dem Radio 100,7 confirméiert, dass de Parquet si Donneschdes den 21. Abrëll doriwwer informéiert hat, dass d'Vir-Enquête an der Affär ofgeschloss an, dass den Dossier an der Chamber deposéiert gouf. Weiderhin huet d'Justizministesch dann zouginn, dass si d'Carole Dieschbourg iwwert dëse Fait informéiert hätt. Wéi et vun der Sam Tanson geheescht huet, hätt si dat eenzeg an eleng aus deem Grond gemaach, dass d'Carole Dieschbourg sech moralesch op dat astelle kéint, wat hir bevirstoe géif. D'Justizministesch huet weiderhin ënnerstrach, dass si hirer Parteikolleegin keng juristesch Virdeeler verschaaft hätt.

An dësem Zesummenhang weist de Radio 100,7 allerdéngs dorop hin, dass d'Informatioun, dass den Dossier an der Chamber deposéiert gouf, et der Carole Dieschbourg erméiglecht hätt, ze demissionéieren, éier, dass de Chamberbüro zesummekomme konnt.

Wéi et vun der CSV géigeniwwer dem Radio 100,7 geheescht huet, wéilt een d'Verhale vun der Justizministesch elo juristesch préiwe loossen. Iwwerdeems huet de Sven Clement vun der Piratepartei d'Verhale vun der Justizministesch als "immens problematesch" bezeechent.