Zu Bouneweg hat e Mann enger Fra gedréit, dass hie si mat engem Messer attackéiere géif, falls si him net hiren Handy géif ginn.

Géint 02h20 e Freideg de Moien, war et zu Bouneweg zu engem gewalttätegen Iwwerfall komm. Eng jonk Fra, war hei zu Fouss an der Rue de Wiltz ënnerwee, wéi en onbekannte Mann si vun hannen um Hals gepaakt an hir gesot hat, dass hien e Messer asetze géif, falls si sech wiere sollt.

Duerno hat den Ugräifer vun der Fra verlaangt, dass si him hiren Handy géif ginn. Nodeems si dat gemaach hat, war den Ugräifer an Direktioun vun der Rue du Cimetière geflücht.

Den éischten Informatiounen no, soll den Täter ongeféier 20 Joer al gewiescht sinn. Hien hat Franséisch geschwat an hat eng hell Hautfaarf. Ausserdeem hat hien eng Joggingsbox, eng Jackett an eng Kap un.