Bei der Luxair wëll een op eng eenheetlech europäesch Reegelung waarden, éier een eng Decisioun iwwert d'Droe vum Mask am Fliger hëlt.

D’Droe vum Mask wäert an de Fligere vun der Luxair bis op Weideres obligatoresch bleiwen. Dat sot den Direkter vun der Luxair, Gilles Feith, géigeniwwer RTL 5 Minutes. Deemno wäerten de Mask u Bord vun de Fligere vun der Luxair esou laang obligatoresch bleiwen, bis d’EU-Länner sech an dëser Affär op eng gemeinsam Reegelung gëeenegt hunn.