Zil vun der Campagne ass et, d'Leit fir de säitleche Mindestofstand beim iwwerhuele vu Cyclisten, ze sensibiliséieren.

En Donneschdeg huet d'Police am Lycée Classique zu Iechternach déi nei Sensibiliséierungscampagne "1,5 Meter" presentéiert. Dat a Presenz vum Direkter vum Lycée, Henri Trauffler, an dem Direkter vun der "Police administrative", Pascal Peters.

D'Zil vun der Campagne ass et d'Chaufferen dofir ze sensibiliséieren, dass si op d'mannst 1,5 Meter säitlechen Ofstand hale mussen, wa si e Cyclist iwwerhuelen.

Wéi d'Police an engem Schreiwes matdeelt, géif d'Zuel vun de Vëlosfuerer am Stroosseverkéier konstant an d'Luucht goen. Dat nämmlecht wier allerdéngs fir d'Accidenter, bei deene Cycliste blesséiert ginn, de Fall.

Am Kader vun der Campagne hat d'Police e Concours fir d'Schüler aus dem Iechternacher Lycée lancéiert. Am Kader vun dësem Concours haten d'Schüler Plakater, fir d'Chaufferen op de Mindestofstand vun 1,5 Meter opmierksam ze maachen, entworf. D'Gewënner-Plakat wäert am Kader vun der Informatiounscampagne affichéiert ginn.