Ee Jugendleche soll zu Essen geplangt gehat hunn, Bommen a senger Schoul ze placéieren.

Zu Essen an Däitschland huet d’Police warscheinlech e rietsextremisteschen Uschlag verhënnert. Eng Spezialeenheet vun der Police hat an der Nuecht op en Donneschdeg eng Perquisitioun bei engem 16 Joer ale Schüler vun engem Gymnasium zu Essen gemaach. An der Kummer vun deem Jugendlechen haten d’Beamten ënner anerem selwer-gebaute Schosswaffen a Bommen, grad ewéi och rietsextreem Schrëfte fonnt.

Dee Jugendleche soll enger anerer Persoun géigeniwwer gesot hunn, dass hie Bommen a senger Schoul placéiere wollt. Dës hat doropshin d'Police informéiert.