De Mann koum en Donneschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

D’Police huet e presuméierten Drogendealer festgeholl. E Mëttwoch den Owend hat eng Patrull vun der Police beobacht, ewéi eng Persoun enger anerer an der Stroossbuerger Strooss an der Stad Droge verkaf hat. D’Beamten haten dee presuméierten Dealer no enger kuerzer Verfollgung an der Avenue de la Gare gestoppt a kontrolléiert. Dobäi haten si en Handy, Suen a Cannabis séchergestallt. De Mann gouf festgeholl a koum en Donneschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter. Kuerz drop hat d’Police dann e Grupp vu Persoune kontrolléiert, déi um Boulevard d’Avranches Droge consomméiert haten. Hei hat sech erausgestallt, dass eng vun hinnen nach eng Prisongsstrof opstoen hätt. Si gouf no enger Kontroll am Spidol op Schraasseg an de Prisong bruecht.