Den UN-Mënscherechtsrot huet dofir gestëmmt Ermëttlungen zu russesche Krichsverbriechen an der Ukrain an d'Weeër ze leeden.

D’Vereenten Natiounen hunn eng Enquête zu méigleche russesche Krichsverbriechen an der Ukrain an d’Weeër geleet. De Mënscherechtsrot vun de Vereenten Natiounen huet en Donneschdeg zu Genève mat 33 Jo- géigeniwwer 2 Nee-Stëmme fir eng entspriechend Resolutioun gestëmmt. 12 Länner haten sech beim Vott enthalen. An der Resolutioun gëtt déi international UN-Kommissioun fir d’Ukrain dozou opgefuerdert eng Enquête iwwer schwéier Mënscherechts-Verletzungen, zu deenen et de Regiounen ëm Kyiv, Tschernihiw Charkiw a Sumy, soll komm sinn, an d’Weeër ze leeden.