En ukrainesche Crowdfunding-Projet huet Millioune bannent enger Woch erabruecht.

De Projet gouf vun den ukraineschen Autoritéiten an d’Liewe geruff. Den ukraineschen Digitalminister sot dass Spenden am Wäert vu 24,4 Milliounen Euro gesammelt goufen. An dat iwwer den Internetsite United24. D’Spenden si bis ewell aus 72 Länner komm.

D’Suen ginn elo ënner de Ministèren opgedeelt fir déi wichtegst Projeten ze finanzéieren. Et kann een op der Plattform geziilt fir d’Arméi, fir humanitär Zwecker oder fir den Neiopbau nom Krich spenden.