D’Welthongerhëllef warnt virun enger drastescher Hausse vun der Hongersnout.

An dat als Konsequenz vum Krich an der Ukrain. Fir dat ze verhënnere missten d’Landwirtschaftsministeren esou séier wéi méiglech Urgence-Hëllefen asetzen. Dat huet d’Organisatioun am Virfeld vum G7-Treffe vun de Landwirtschaftsministeren gesot. D’Hausse vun de Präisser vun de Liewensmëttelen hätt d’Zuel vun der Hongersnout an d’Luucht gedriwwen. 800 Millioune Mënsche leide weltwäit ënner Honger.