
© Yasuyoshi CHIBA / AFP
D’Vereenten Natioune fuerderen de Schluss vun de Bombardementer a vun der militärescher Notzung vu Schoulen an der Ukrain.
Honnerte Schoule gi vu schwéierer Artillerie, Loftugrëff an aner explosive Waffe getraff. Dës Ugrëff missten onbedéngt gestoppt ginn. Aner Schoule ginn als Infozenteren, Ënnerdaach, Versuergungszenteren oder fir militäresch Zwecker benotzt. Ugrëff op Schoule wieren eng eklatant Verletzung vun den humanitäre Rechter.