
© Eldo Archiv
D’Luxair huet matgedeelt dass d’Maskeflicht am Fliger opgehuewe gëtt.
An engem Communiqué huet d’Airline e Freideg matgedeelt dass ee vum 16. Mee un keng Mask méi undoe muss. Hei géif si sech op déi nei Recommandatioune vun der EASA (Europäesch Agence fir Fluchsécherheet) baséieren. Dës Decisioun betrëfft d’Luxair-Flich a Richtung Lëtzebuerg mee och all Destinatioun déi d’Ophiewe vun der Maskeflicht autoriséiert.