De Grënner vun Tesla wëll de Kaf eréischt da weiderféieren, wann hien Detailer iwwert d'Zuel vun de Spam-  Fakeaccounts op Twitter virleien hätt.

Den Elon Musk huet seng geplangten Iwwernam vun Twitter bis op Weideres gestoppt. Dat huet hie selwer um Kuerznoriichtendéngscht matgedeelt. Deemno wëll hien de Kaf vum sozialen Netzwierk eréischt da weiderféieren, wann hien Detailer iwwert d'Zuel vun de Spam-  Fakeaccounts op Twitter virleien hätt.

De Cours vun der Aktie vun Twitter war no dëser Nouvelle däitlech agebrach.