En Donneschdeg gouf eng Persoun no enger Ausenanersetzung zu Rodange mat liewensgeféierleche Blessuren an d'Spidol ageliwwert.

Wéi d'Police matdeelt, war et et Donneschdeg am fréien Owend zu Rodange als éischt zu engem verbale Sträit komm, deen duerno eskaléiert war.

Eng Persoun hat bei der Ausenanersetzung liewensgeféierlech Blessuren dovu gedroen. Si gouf op der Plaz vun engem Noutdokter versuergt an duerno an d'Spidol transportéiert. Op der Plaz haten d'Beamte vun der Police ee Verdächtegen ugetraff. Dëse gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.