D’Ausseminister vun den EU-Memberstaaten, sollen sech e Méindeg op en Opstocke vun der Militärhëllef fir d’Ukrain eenegen.

Déi Europäesch Unioun wëll hir Militärhëllef fir d’Ukrain nach eng Kéier erhéijen. Wéi den Aussebeoptragte vun der EU, Josep Borell, am Kader vum Sommet vun den Ausseminister vun de G7-Staate matgedeelt huet, wëll d’EU der Ukrain weider 500 Milliounen € zur Verfügung stellen. Mat dëse Suen, soll déi ukrainesch Arméi elo och schwéier Waffe kafe kënnen.

Wéi et aus Diplomaten-Kreesser heescht, sollen d’Ausseminister vun den EU-Memberstaaten sech e Méindeg op en Opstocke vun der Militärhëllef fir d’Ukrain eenegen.