E Freideg goufen am Laf vum Mëtteg op eise Stroossen net manner ewéi 13 Accidenter gezielt.

Insgesamt goufe bei dësen Accidenter 11 Blesséierter gezielt. 3 mol huet de Samu missen an den Asaz geruff ginn. Déi éischte Kéier war dat géint 12h50 zu Réiden an der Rue de la Gendarmerie de Fall. Hei war e Kand vun engem Auto ugestouss ginn. Den zweeten Asaz vum Samu gouf et ewéi géint 14h50 op der N24 tëscht Uewerpallen a Biekerech en Auto mat engem Bam kollidéiert war. Géint 16h40 war den Noutdokter dunn um CR102 tëscht Mamer a Kielen am Asaz. Hei goufen 2 Persoune blesséiert ewéi 2 Autoen anenee gerannt waren. Eng vun hinnen hat misse vun de Secouristen aus hirem Auto befreit ginn.

Weider Blesséierter goufen et zu Esch-Uelzecht, zu Veianen, op der N11 tëscht de Brennerei an dem Waldhaff an der Stad, op der N14 tëscht Beidler a Weydeg, zu Munzen an op der N12 tëscht Ierpeldeng an Déierbech.