E Méindeg ass an der Chamber den ëffentlechen Debat iwwer d’Petitioun mat der Nummer 2129.

An dëser Petitioun gëtt gefuerdert, dass d’Lëtzebuerger Strofrecht an deenen Dispositiounen, déi sexuell Iwwergrëffer op Mannerjäreger betreffen, iwwerschafft gëtt. Ënner anerem soll de Begrëff vun der Vergewaltegung méi breet gefaasst ginn a sexuell Strofdote sollen net méi verjären. D’Petitionärin begrënnt hier Fuerderung mat deene laangjärege psychologeschen a gesondheetleche Suitten, déi eng Vergewaltegung fir d’Affer bedeit.