En Deel vun de mediale Berichter iwwer d’Krankheet, géif rassistesch an homophob Klischeeë verbreeden.

D’Vereenten Natiounen hunn de medialen Ëmgang mat den Afepouken, zum Deel, kritiséiert. Wéi et e Sonndeg vun der UN geheescht huet, géif en Deel vun de mediale Berichter iwwer d’Krankheet rassistesch an homophob Klischeeë verbreeden.
Dëst géif dann och de Risiko mat sech bréngen, dass d’Mënschen, de Risiko, fir sech ze infizéieren, ënnerschätzen. Obwuel e groussen Deel vun de Persounen, déi sech bis ewell mat den Afepouken infizéiert hunn, homo- oder bisexuell Männer sinn, géif dat net bedeiten, dass just si de Virus kréie kéinten. Jiddereen, deen enken, kierperleche Kontakt mat enger infizéierter Persoun hat, kéint un den Afepouken erkranken.
Weltwäit goufen iwwerdeems bis ewell 92 Fäll vun den Afepouken, a Länner an deenen de Virus, net endemesch ass, nogewisen.
Wéi et an engem Rapport vun der Weltgesondheetsorganisatioun heescht, goufe bis ewell an 12 Länner, an deenen dës Krankheet eigentlech net optaucht, confirméiert Fäll mat den Afepouke gemellt. Dozou kommen dann nach eng Kéier 28 Verdachtsfäll. Déi meescht confirméiert Fäll, ginn et bis ewell a Portugal, a Spuenien an a Groussbritannien.