Zu Zolwer war en Aarbechter mat senger Hand an d'Millerad vun enger Maschinn geroden.

E Sonndeg den Owend, war et an engem Betrib zu Zolwer zu engem schwéieren Aarbechtsaccident komm. En Aarbechter war hei mat senger Hand an d’Millerad vun enger Maschinn geroden. Hie gouf op der Plaz vum Noutdokter versuergt an duerno am Spidol noutoperéiert. De leschten Informatiounen no, hat de Mann sech zu kengem Ament a Liewensgefor befonnt.

D'ITM war iwwert den Accident informéiert ginn an hat e Beamten op d'Plaz geschéckt. Ausserdeem hat d'Police e Rapport iwwert den Tëschefall geschriwwen.