Am éischte Krichsverbriecher-Prozess an der Ukrain ass e russeschen Zaldot zu liewenslaangem Prisong verurteelt ginn.

Den 21-järegen Zaldot hat en 62-järegen Zivilist an der ukrainescher Regioun Sumy erschoss. D’Dot war den 28. Februar geschitt. Kuerz virdru gouf e russesche Konvoi ugegraff. Den Zaldot huet d’Dot viru Geriicht zouginn.

E Virgesetzte vum Zaldot hätt hien dozou opgefuerdert den ukrainesche Mann z’erschéissen, well Dëse mat sengem Handy telefonéiert hat. Dem Virgesetzten no hätt een nämlech missen evitéieren dass de Mann Positioune vun de russeschen Zaldote verréit.