Den ukrainesche President Selenskyj huet déi offiziell Optaktsried vum Weltwirtschaftsforum zu Davos gehalen.

Iwwer Videokonferenz huet hie maximal effikass Sanktioune géint Russland gefuerdert. De Maximum wier nämlech nach net erreecht. En Ueleg-Embargo wier néideg. Donieft sot de President Selenskyj dass ee verhënnere muss dass Banken weider russesch Krichsverbriecher ënnerstëtzte kënnen. Mat Russland soll guer keen Handel bedriwwe ginn. Hien huet den Entreprisen déi sech aus Russland zeréckgezunn hunn, nom Krich eng Plaz an der Ukrain ugebueden.