D'ECDC huet eng Risiko-Auswäertung gemaach nodeems eng Partie Fäll vun Afepouken a Länner opgedaucht sinn, wou de Virus net endemesch ass.

D’europäesch Gesondheetsautoritéit sot dass de Risiko vun enger genereller Ausbreedung ganz kleng wier. Dëse wier just héich fir verschidde Gruppen. Leit mat ville verschiddene sexuelle Partner wiere méi concernéiert. Déi meescht Fäll déi bis ewell registréiert goufen hate liicht Symptomer.

Iwwerdeems recommandéiert Groussbritannien eng Quarantän fir Leit déi mat Afepouken-Patienten a Kontakt waren. D’Quarantän-Period soll 3 Wochen daueren, esou déi brittesch Gesondheetsautoritéit. Als enk Kontaktpersoune gëlle Mënschen, déi mat Infizéierte Geschlechtsverkéier haten, am selwechte Stot wunnen oder ouni Schutzkleedung hir Bettwäsch gewiesselt hunn. Zousätzlech zur Quarantän sollen dës Persounen och eng Pouken-Impfung kréien. Virun allem schwanger Fraen, Kanner ënner 12 Joer a Mënsche mat schwaachem Immunsystem solle sech am meeschte schützen.