Verschidden Indicateure weisen dass et eng Hausse vun de populistesche Parteien an Europa gëtt.

Dat geet aus enger Publikatioun vum Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER) ervir. Doduerch ginn et och méi populistesch Leaderen an de Niveau vum Populismus an de Parlamenter geet erop. E markant Beispill ass hei déi lescht Presidentschaftswal a Frankräich. D’populistesch Aussoe sinn nationalistesch, autoritär, a baséiere sech op Ënnerscheedungen tëscht soziale Klassen, identitär Gruppen, an tëscht der Natioun an dem Rescht vun der Welt.