En neit Covid-Gesetz gouf e Méindeg an der Chamber deponéiert.

De Gesetzesprojet proposéiert dass d’Maskeflicht am ëffentlechen Transport opgehuewe gëtt. D’Situatioun hätt sech nämlech stabiliséiert. Och wann d’Zuel vun den infizéierte Persounen nach héich ass, kënnt et net méi sou dacks zu Komplikatiounen. Donieft ass den Impftaux héich.

Et gëtt och argumentéiert dass 17 aner EU-Memberstaaten d’Moossnam scho suppriméiert hunn. Et gëtt awer nach ëmmer recommandéiert d’Mask unzedoen. En Dënschdeg huet de Collège Medical da säi positiven a favorabelen Avis ofginn.

Weider Echeancen am Zesummenhang mam neie Gesetz sinn nach net bekannt.