En Dënschdeg war et an enger Primärschoul, am amerikanesche Bundesstaat Texas, zu engem uergen Amoklaf komm.

En 18 Joer alen Amokleefer huet an der klenger Siidlung Uvalde an der Géigend vun der mexikanescher Grenz op d’mannst 19 Schüler vun enger Primärschoul erschoss. Ausserdeem sollen 2 erwuesse Persoune bei der Dot ëm d’Liewe komm sinn.

Déi lokal Police geet weiderhin dovun aus, dass hien, kuerz éier hie géint der Mëtteg bei d’Primärschoul gefuer war, seng eege Groussmamm erschoss hat. Den Amokleefer selwer gouf schliisslech vu Polizisten, déi an den Asaz geruff goufen, erschoss.

D'Dot ass déi déidlechst vun dëser Zort, zënter dem Amoklaf an der "Sandy Hook Schoul" am Bundesstaat Conneticut am Joer 2012. Deemools waren insgesamt 26 Persounen ëm d'Liewe komm.

Den amerikanesche President Joe Biden, huet sech dann no der Attack u seng Landsleit geriicht. Wéi hie sot, wier et un der Zäit, dass aus dem Wéi, deen dës Dot verursaacht, Doten entstinn. Dat wier een all Elterendeel an och all Bierger vun den USA schëlleg. Weiderhi sot hien, dass alleguer déi Deputéierten a Senateuren, déi méi streng Waffegesetzer verhënnere géifen, wësse missten, dass d’Land dat net vergiesse wäert. Et wier un der Zäit, fir d’Muecht vun der Waffelobby an den USA ze briechen.