En Dënschdeg den Owend, war et op eise Stroossen zu 2 méi uergen Accidenter komm.

Géint 17h00 Auer goufen 2 Persoune blesséiert, ewéi zu Dippech 2 Autoen anenee gerannt waren. Nieft dem Rettungsdéngscht vun Dippech an den Ambulanze vu Réimech, a Suessem/Déifferdeng, war hei och de SAMU op der Plaz.

Kuerz no 17h00 war dunn um CR337 tëscht Ëlwen a Bënzelt e Motocyclist gefall. Och hei war, nieft de Rettungsdéngschter vun Ëlwen a Wäiswampech an der Ambulanz vu Klierf, de SAMU am Asaz.