Nodeems op enger Kiermes an der däitscher Stad Lüdenscheid eng Persoun erschoss ginn ass, gouf elo eng aner Persoun festgeholl.

Wéi d’Police vu Lüdenscheid matdeelt, war et schonn e Samschdeg den Owend op enger Kiermes an der Stad, zu enger Ausernanersetzung tëscht Jugendleche komm. Am Kader vum Sträit hat ee Jonke mat enger Waff ëm sech geschoss. Ee 40 Joer ale Mann, deen net an de Sträit verwéckelt war, gouf vun enger Kugel getraff. Hie war méi spéit am Spidol u senge Blessure gestuerwen. Dee Jugendleche gouf doropshin e Méindeg den Owend op Uerder vum Parquet festgeholl. Hie soll wéinst Homicide volontaire ugeklot ginn.