En Dënschdeg war et am däitsche Saarland zu engem éischter ongewéinlechen Accident komm.

Wéi d’Police vum Bundesland matdeelt, war e 60 Joer ale Mann en Dënschdeg Owend komplett plakeg mat sengem Kabrio ënnerwee. Op enger Landstrooss hat hien d’Kontroll iwwert säin Auto verluer a war mat dësem aus enger Kéier geflunn. Hien huet misse vum Rettungsdéngscht aus sengem Auto befreit ginn a gouf op der Plaz versuergt. De Mann war beim Accident staark alkoholiséiert.