D'Police sicht no enger Serie vun Abréch a Gefierer no Zeien.

D'Police krut eng Partie Abréch a Gefierer gemellt. Vun e Méindeg bis e Mëttwoch gouf an eng Partie Gefierer zu Conter, zu Mutfert, zu Éiter an zu Siren agebrach. An alleguer de Fäll war eng Fënster ageschloe ginn an et goufe Wäertgéigestänn, déi am Gefier louche, geklaut.

D'Police huet d'Plainte vun deene betraffene Persounen entgéint geholl an Enquêten an d'Weeër geleet.

Am Zesummenhang mat den Ermëttlunge sicht d'Police den Ament no Zeien. Wien eppes gesinn huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat Sirdall ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 78 1000 oder via d'Mailadress "police.syrdall@police.etat.lu".