Déi sanitär Reegelen, fir an Däitschland anzereesen, sollen däitlech opgelackert ginn.

Vum 1. Juni, bis den 31. August, soll d’3G-Reegel, déi aktuell nach fir eng Arees an Däitschland gëllt, ausgesat ginn. Den däitsche Gesondheetsminister Lauterbach begrënnt dës Decisioun domadder, dass d’Zuel vun den Neiinfektioune mam Coronavirus zënter längerem erofginn.