De 25. Mee ass den internationalen Dag vun de vermësste Kanner.

D’Police Lëtzebuerg schafft hei an Zesummenaarbecht mat Ambert Alert Europe fir op d’Problematik vum Deele vu sexualiséierte Fotoen opmierksam ze maachen. Dowéinst heescht déi weltwäit Campagne och "Think Before You Share". Duerch d’Pandemie gouf eng dramatesch Hausse vu de sougenannten "Nudes" festgestallt. 1 Jonke vun 3 huet zouginn dass hien esou Fotoe gesinn huet déi ouni Zouso gedeelt goufen.