De Minister fir bannenzeg Sécherheet Henri Kox huet matgedeelt wéi vill Vëlosfuerer wéinst Verstéiss géint de Code de la Route gestrooft goufen.

An de leschte 6 Méint goufe 47 Verwarnunge mat Geldstrof wéinst Verstéiss vun der Police ausgestallt. Dat geet aus enger parlamentarescher Äntwert vum Minister ervir. Ënner anerem 23 Mol hate Vëlosfuerer d’rout Luuchten net respektéiert. Do gouf et eng Strof vu 145 Euro an e Verloscht vun 2 Punkten um Fürerschäin. 12 Mol war d'technesch Ausrëschtung net konform oder huet gefeelt. 8 Mol haten d’Vëlosfuerer hiren Handy iwwer dem Fuere benotzt. 4 Mol goufen d'Schëlder net respektéiert.