D’CGFP huet de Projet fir e Reglement Grand Ducal iwwert den Teletravail am ëffentlechen Déngscht refuséiert.

An engem Communiqué kritiséiert Staatsbeamtegewerkschaft de Fait, dass de Projet virgesäit, dass een nëmme vu sengem Haaptwunnsëtz aus am Teletravail schaffen dierft. Dat wier net mat der Liewensrealitéit vu ville Famille vereenbar. Ausserdeem wier am Text net festgeluecht, op wéi vill Deeg an der Woch ee vun doheem aus schaffen dierf. Et misst kloer festgehale ginn, dass een op d’mannst een Dag an der Woch aus dem Teletravail schaffe kéint. Schliisslech weist d’CGFP sech net domadder averstanen, dass de Reglement virgesäit, dass den Droit à la Déconnexion ënner verschidde Konditioune kann opgehuewe ginn, wann een am Homeoffice ass.