
© Eldoradio
Dat neit Covid-Gesetz ass en Dënschdeg den Owend a Kraaft getrueden.
D'Maskeflicht am ëffentlechen Transport ass zënter en Dënschdeg den Owend offiziell opgehuewen. Wéi d'Chamber op Twitter matdeelt, wier dat neit Covid-Gesetz mat der Dispens vum 2. Vott a mat der Ënnerschrëft vum Grand-Duc offiziell a Kraaft getrueden.