Am Süde vum Land sinn e Samschdeg Temperature vu maximal 37 Grad méiglech.

Aus dësem Grond huet Meteolux, fir de Süde vum Land, eng Alerte Rouge erausginn. Dës gëllt vun 12h00 e Samschdeg de Mëtteg bis 22h00 e Samschdeg den Owend.

Iwwerdeems kënnen am Rescht vum Land maximal 35 Grad erreecht ginn. Deemno gëllt hei e Samschdeg tëscht 12h00 an 22h00 eng Alerte Orange.

Schliisslech mellt de staatleche Wiederdéngscht, dass et e Samschdeg zu enger erhéichter Konzentratioun vun Ozon komme kéint. Plazeweis kann de Seuil vun 180 Mikrogramm op de Kubikmeter iwwerschratt ginn.