Zu Bréissel si sämtlech Departe vum Fluchhafe fir de Méinden annuléiert ginn.

Dat well e Groussdeel vum Sécherheetspersonal haut streikt. Deemno wäert kee Fliger kënne starten, wëll d’Leit net duerch d’Sécherheetskontroll kënnen. Arrivéeë wäerten awer kënnen agehale ginn. Gewerkschaften fuerderen eng Ännerung vum Loungesetz.