Der belscher Douane ass e grousse Coup géint den internationalen Drogenhandel gelongen.

Wéi d’Noriichtenagence AFP mellt, hate Belsch Douaniere schonn d’leschten Donneschdeg eng Liwwerung vun 900 Kilogramm Kokain am Hafe vun Antwerpe séchergestallt. D’Drogen haten e Wäert vu 45 Milliounen €. Si waren an engem Container mat Kakao-Bounen aus Kolumbie verstoppt.