E Méindeg ass  ass de Weltdag vun de Refugiéeën.

An dësem Kader fuerdert de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot, dass d’Refugiéen hei am Land besser integréiert ginn. Fir, dass dat geléngt, misst een dofir suergen, dass d’Refugiéen zu Lëtzebuerg en adequaten Zougang, zu Bildung, zum Aarbechtsmarché an zu Wunnraum hunn. Ausserdeem misst séchergestallt ginn, dass d’Famille vu Mënschen, déi hei am Land opgeholl goufen, och op Lëtzebuerg kommen dierften.