
© FILIPPO MONTEFORTE / AFP
Beim Apdikterverband wéisst een den Ament nach net, wéi den Ubau an de Verkaf vum medezinesche Cannabis zu Lëtzebuerg oflafe sollen.
Dat sot de President vum Apdikterverband, Alain de Bourcy, géigeniwwer dem Tageblatt. Weiderhi sot hien, dass den Apdikterverband den Ament nach net direkt vun de Pläng, fir hei am Land medezinesche Cannabis unzebauen, betraff wier. Medezinesche Cannabis gëtt den Ament zu Lëtzebuerg nëmmen an de Spidols-Apdikte verkaf. Deementspriechend wier et nach e wäite Wee vum Ubau, bis hin zu der Verdeelung vum medezinesche Cannabis an den normalen Apdikten. Konkret Pläng, vun der Regierung wéi dat passéiere sollt, géifen dem Verband aktuell net virleien.