A Frankräich trëfft de President Macron sech en Dënschdeg, fir Gespréicher, mat de Spëtze vun de wichtegste politesche Parteien.

Bei de Gespréicher soll et dorëms goen, eng politesch Majoritéit am franséische Parlament ze fannen. Dem Emmanuel Macron seng politesch Allianz "Ensemble" hat bei de Parlamentswalen e Sonndeg déi absolut Majoritéit verluer. Dat mécht d’Ëmsetzung vun de Reformen, déi de President geplangt hat, däitlech méi schwéier. Déi Virsëtzend vum rietspopulisteschen "Rassemblement National", Marine Le Pen an de Virsëtzende vun der "Nouvelle Union Populaire Écologique et Sociale", Jean-Luc Mélenchon, haten allebéid ugekënnegt, dass si dem Macron seng Pläng net ënnerstëtze wäerten.