Dem Andreas S. gëtt virgeworf e Polizist an eng Polizistin erschoss ze hunn, well hie vertusche wollt, dass hien illegal gejot hat.

Iwwer 4 Méint, nodeems an der Gemeng Kusel am däitsche Bundesland Rheinland-Pfalz e Polizist an eng Polizistin erschoss goufen, ass en Dënschdeg den Optakt vum Geriichtsprozess an dëser Affär.

Den 39 Joer ale Verdächtegen Andreas S. kritt reprochéiert, den 31. Januar bei enger Verkéierskontroll e Polizist an eng Polizistin erschoss ze hunn, well hie vertusche wollt, dass hien illegal gejot hat. Ursprénglech war och dem Andreas S. säin 33 Joer ale Begleeder verdächtegt ginn un de Morde bedeelegt gewiescht ze sinn. Dëse Verdacht hat sech allerdéngs net confirméiert. Hie muss sech nëmmen nach wéinst dem Joen ouni Juegdschäi veräntweren.