D'Police sicht no Zeien, nodeems eng onbekannt Persoun zu Zolwer mat enger Waff op e geparkte Camion geschoss hat.

Géint 21h15 e Sonndeg den Owend hat eng onbekannt Persoun mat enger Waff op e Camion geschoss, deen op engem Terrain nieft der Suessemer Strooss zu Zolwer geparkt war. Uschléissend war si mam Auto geflücht. Wéi d’Police mellt, wier hei Kee blesséiert ginn. De Parquet gouf iwwert den Tëschefall informéiert an huet eng Enquête an d’Weeër geleet. Persounen déi an dësem Zesummenhang eppes Verdächteges beobacht hunn, si gebieden, sech beim Policekommissariat vun Esch ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 50 1000 oder via d'Mailadress "Police.ESCH@police.etat.lu".