
© Michael M. Santiago / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
D'Suen, déi bei der Stee erakomm sinn, sollen un ukrainesch Kanner goen, déi virum Krich geflücht sinn.
De russesche Journalist Dmitri Muratow huet d’Medail vu sengem Friddensnobelpräis versteet. Bei der Stee, e Méindeg den Owend zu New York gouf e Präis vun 103,5 Milliounen $ fir dem Muratow seng Medail erziilt. Wéi et vum Auktiounshaus "Heritage Auctions" heescht, soll den Erléis vun der Auktioun un e Programm fir Kanner, déi aus der Ukrain geflücht sinn, vum Kanner-Hëllefswierk "UNICEF" vun de Vereenten Natioune goen.