Déi franséisch Premierministesch Elisabeth Borne huet en Dënschdeg hir Demissioun ofginn.

De President Emmanuel Macron huet se awer refuséiert. An dat fir dass d’Regierung weiderschafft. Well den Emmanuel Macron déi absolut Majoritéit net am Parlament krut, ass hie politesch geschwächt. En Dënschdeg de Mëtteg kënnt d’Regierung zesumme fir iwwer déi weider Deeg ze diskutéieren.

De franséische President huet jo och decidéiert sech mat de Spëtze vun de wichtegste Parteien ze treffen. De Chef vun der konservativer Partei "Les Républicains" huet scho gesot dass seng Partei e Pakt oder eng Koalitioun mat der Regierung kloer refuséiere géif.